Wat ech mer erlaben? En Humpe mer ze zapen.

De Genoss ass eng Gewëssheet, den Doud nëmme Méiglechkeet.

Well wat weess ech wat muer ass? Haut ass et wou eng lass ass.

E Gesetz wat mir verbitt ze si wéi ech sinn. Eng Gesellschaft déi mech net ka gesinn.

Virwëtz oder Langweil? Wahrscheinlech Allenzwee.

Haaptsaach de Bam brennt, well sech em de Bësch këmmere well jo keen.

Den eenzelen Non-Event iwwer all sérieux Problemer.

Dobäi hätte mer der souvill, se passen net an en Eemer.

Penibel Wourechte sollen ersat gi mat schéiner Fantasie.

Well verstoen a verhënnere kenne mer si ni.

Ech hu kee Problem domat, mee…

Majo, nee. Einfach: Nee.

Kléngt et ze schéi fir wouer ze sinn,

Dann ass et meeschtens op enger Pressekonferenz zum Beschte gi ginn.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

w

Connecting to %s