E bëssche betrëppelt kuckt en eran, wéi en do um Kierchbierg steet, virun den neien Tramsschinnen. Wéi gär hätt en et elo gehat, wann den Tram scho géif fueren an de Conducteur op e gewaart hätt. Haut wier esou en Dag gewiescht, wou eng opgehalen Dier an e Sprong an den Tram zu leschter Sekonn den Dag nach hätt kéinte retten. Dat bëssche Mënschlechkeet an datt d’Leit awer nach een nom anere kucken, esouguer um Kierchbierg.

Mee nee. Haut muss en iwwert de Chantier trëppelen, d’Lächer am Buedem stinn nach mat Waasser voll, et huet de Mëtteg gereent. Seng Schong sinn erëm genau sou knaschteg wéi se et de Moie waren, wéi d’Carine em gesot huet e kéint sech esou dach net dobausse weisen. Also hat en d’Wichs geholl a seng Schong alt nees eng Kéier blénkeg gebotzt, och wann em scho bewosst war, datt et sech just em Stonnen handele konnt bis se erëm dreckeg waren. Hien hat et schonn ëmmer eraus, just zum falsche Moment op där falscher Platz ze sinn.

En Auto fiert laanscht, vill ze séier. D’Rieder dréien op Héichtouren am Pull a schonn ass säi beige Mantel vollgesprutzt. Och dee war en eréischt gëschter an d’ Botzerei sichen. D’Krawatt houng scho säit eelef Auer schif, mee do war e jo wéinstens a gudder Gesellschaft mam franséische President. Och hien heescht Fränz. “François, ta cravate!” gehéiert op der Aarbecht schonn zanter Joren zu de bon mots, déi, méi oft wéi net, dofir do sinn, de Fränz ze iergeren. De Bus ass alt mol erëm méi wéi zéng Minutten ze spéit. Och dat verwonnert en net. Haut ass esou een Dag. Eigentlech misst de Chauffeur elo nach kollabéieren.

Den Dackel vun der eelerer Madame, déi nieft em sëtzt, kuckt de Fränz mësstrauesch un. “Ech géif och kengem mat menge Finanzen trauen, deen esou ausgesäit wéi ech”, denkt e sech während en dem Dackel säi Bléck erwiedert. D’Fahrt dauert haut méi laang ewéi soss, et ass alt mol erëm Stau wéinst enger neier Baustell. Wat wäert dat gutt sinn, wann deen Tram endlech bis fiert.

Mat enger Noutbremsung, déi genau esou vill ze spéit kennt, dass de Fränz no vir trëllt a sech un der Staang stéisst, ass en dann endlech doheem ukomm. E kënnt doheem eran a rifft: “Carine, ech sinn heiheem!”. D’ Dier geet hannert em zou an en trëppelt bis bei de Spigel a schonn héiert e säi Mantel räissen. E war an der Dier hänke bliwwen.

D’Carine vernennt en a fänkt direkt un seng Schong ze botzen.

Um Kierchbierg seet de Fernand: “Wat sinn ech frou, datt den Här Majerus alt wéinstens heiansdo seng Krawatt schif huet. Soss kann een deem jo näischt reprochéieren. Sou Mënschen si mer onsympathesch.” Da mécht en sech op de Wee fir heem. En trëppelt an de Pull op der Baustell. “Schäiss Tram!”

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s