Léift Lëtzebuerg, ech hunn de Sënn verluer, fir dech ze verstoen, hunn de rosaroude Brëll verluer duerch deen all Fra gëlle gëtt, all Iesse schmaacht wéi vum Lea Linster, all Crémant besser wéi richtege Schampes wierkt. Léif, Lëtzebuerg, hëllef mer mech a menger Heemecht rem ze fannen. Nation Branding, ma firwat brauch een dat? Eise Ruff, beschmotzt, matzen an eiser Stuff; e mauvais goût an der Ariichtung, schlëmmer wéi am Puff. An dach fonkelt alles wéi d’Sonn déi op de Palais schéngt, opmannst d’Fassade ass apaart, wann och net de Rescht um Krautmaart. An ech blécken iwwer d’Péitruss, gesinn d’ARBED op där anerer Säit. D’Freedefeier ass hei all Joer zweemol, fir Nationalfeierdag a fir Silvester. Ech kommen och just zweemol: an zwar all Semester. An da ginn ech op déi onzählbar Dëppefester. Hues de dat gesinn? Majo, da läster. Et gëtt gemunkelt du wiers gëscht och do gewiescht, mee Haaptsaach du bass haut hei. Réng ronderëm d’Aen, mee schickt Gezei. D’Police huet dech ugehaal, du has ze vill gezaapt, an has du net souguer d’giel Kap? Ech begéinen dech am Palais op der Trap, eis Monarchie déi plätschert vrun sech hin. Eng virgezunne Wal an e Referendum méi spéit, huet een eis Demokratie gesinn? D’Ländchen ass scho kleng, dofir maache mir elo Gesetzer fir d’ganz Universum. Vum Groussewahn ass dat zwar vläicht de Summum, mee u Selbstironie hu mir opmannst e Minimum. Shopping in Luxembourg City? Good idea. An da schwätzt de kee Wuert Franséisch a stees bëtreppelt vrun der Dier. Op d’Kinnekswiss gees du just fir d’ frësch Loft. Op Esch zitt dech virun allem de gudde Geroch. An da frees du mech ob ech weess, firwat de Superjemp net Premier ass. Ma hien ass Buergermeeschter, et weess jo jiddereen dass dat en oniwerwannbart Hindernis ass. Ech waarde rem eng Stonn zu Wecker vrun der Barrière, du bass genervt vun der Politik a weis hier just nach däin Arrière. Ma de virleschte Sonndeg waars du nach an der Kierch, haut kritt dech keen dozou e Kräiz ze maache fir d’Gemengewahlen zu Bierg. Et ass emol nees Hierscht an d’Loft ass kloer, d Stadt ass Wahlterrain, alles voller Bloer. Eng gutt Quetschendrëpp an dee ganze Wouscht ass vergiess. Wéi war et nach virdrun, has du d’Wurscht net awer giess ouni ze wësse wéi se gemaach gëtt? En Dag ouni Alkohol, dee gëtt et net. An de Gast dee schreift sech rem d’Séil vum Leif. D’Kätti seet zum Mätti: Ma da bleif! A wanns de soss naicht méi ze erzielen hues, da gëff ganz lues. E gudden Humpen ass a bleift dee beschte Regulator. Trotzdeem weess ech fir d’Lëtzebuergersi kee besseren Indikator wéi d’Oktav an d’Sprangprëssessioun. Séngs de wéi d’Monica, dann trëffst de sécher de richtegen Toun. Léift Lëtzebuerg, ech gi virzäiteg an d’Pensioun.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

w

Connecting to %s