An ech sti rem do wéi Gëschter
Ech sti rem do, wéi ëmmer
Rem do, mee manner
Ech wollt nie Kanner
An deem Zoustand an deem ech sinn
Ech hunn ze vill schlechtes gesinn
Hunn ze vill mat mer selwer ze dinn
An ech drénken en ouni Tonic, mäin Gin
Ech hu geschwat, ech hu geschriwwen
Hu gelauschtert, heiansdo iwwerdriwwen
Ech hunn och mol Schmu gedriwwen
Mee amfong sinn ech ëmmer sou bliwwen
Keng Blumm déi ech virun de Mond huele géif
Géif dovun oflenken, vum Waasser, sou dréif
Vu mengem Verstand sichen ech nach ëmmer den Déif
“Mir geet et och heiansdo schlecht”, ma wéi léif
Net all Problem ass d’selwecht, mee jidderee sicht eng Léisung
An ech froe mäi Chimiesproff no där richteger Léisung
Mee och hie weess net weider, no laanger Préifung
An nee, datt et mer schlecht geet läit net just un der Saison
Ech kann d’Stemmen net méi verdroen, se sinn all meng
An dach kléngen se sou friem, sinn et seng?
Vläicht sinn ech och just nach net räif, sinn nach gréng
Mee dat hëlt se leider net ewech, meng schlëmm Péng