Ofgrenzung

Ech ka mech just an enger Sprooch ausdrécken, an där ech net als éischt nach muss nodenken, wéi e Wuert dat richtegt ass. Mee wéi geet dat, wann et keen anstännegen Dictionnaire a menger Sprooch gëtt? Sou wéi de Schniewel engem gewuess ass. Vun der Long op d’Zong. Ech kann och just dat erëmginn, wat ech vu […]

Read more "Ofgrenzung"

Den Tram

E bëssche betrëppelt kuckt en eran, wéi en do um Kierchbierg steet, virun den neien Tramsschinnen. Wéi gär hätt en et elo gehat, wann den Tram scho géif fueren an de Conducteur op e gewaart hätt. Haut wier esou en Dag gewiescht, wou eng opgehalen Dier an e Sprong an den Tram zu leschter Sekonn den Dag nach hätt kéinte retten. Dat bëssche Mënschlechkeet an datt […]

Read more "Den Tram"

D’ Pressekonferenz

Wat ech mer erlaben? En Humpe mer ze zapen. De Genoss ass eng Gewëssheet, den Doud nëmme Méiglechkeet. Well wat weess ech wat muer ass? Haut ass et wou eng lass ass. E Gesetz wat mir verbitt ze si wéi ech sinn. Eng Gesellschaft déi mech net ka gesinn. Virwëtz oder Langweil? Wahrscheinlech Allenzwee. Haaptsaach de Bam brennt, well sech em de Bësch këmmere well jo keen. Den eenzelen Non-Event iwwer all sérieux Problemer. Dobäi hätte mer der souvill, se […]

Read more "D’ Pressekonferenz"